Meng Erfahrung als Stagiaire am Projet « Trabajo Digno » zu Cochabamba

Zanter Ufank September sinn ech zu Cochabamba, fir mäi Stage am Kader vu ménge Studien (Bevölkerung an Entwécklungswëssenschaften), am Projet Trabajo Digno, Deel vun der Fondatioun Kallpa an der ONG OGBL Solidarité Syndicale, ze maachen. Ech hat d’Chance, e Semester dispenséiert ze si vu menge Coursen, fir an enger ONG an engem Entwécklungsland ze schaffen an esou d’Realitéit vun der Bevëlkerung kënnen ze léiren. Et ass eng aner Saach, ob een dës Réalitéit vun doheem aus betruecht oder ob een op der Plaz ass an se erliewt. Genau dëst schätzen ech sou um Martine, menger Maitre de Stage wärend mengem Openthalt an gläichzäiteg och Directrice vum Projet. Hatt lieft a Bolivien an gesäit direkt ob der Plaz, wat d’Bedierfnësser vun der Bevëlkerung sinn, wéi d’Entwécklung ass, an huet gläichzäiteg en Iwwerbléck iwwer d’Aarbecht vun der Equipe sou wéi och iwwert déi sozial-politesch Situatioun vun Bolivien. Dësen Bezuch zur Realiteit ass a mengen Aan en wichtegen Aspekt fir kënnen adequat Enenrstëtzung ze leeschten an ze handelen.

Vun Ufank un war d’Equipe immenz wëllkommend mir géigeniwwer, an si ware prett mir alles ze erklären an all méng Froen ze beäntweren. Ech konnt op all Foiren, Presentatiounen an Virstellungen matgoën, wou mir suwuel nei Kontakter a Relatiounen gekneppt hunn, sou wéi eis och als Organisatioun bekannt gemach hunn an d’Populatioun iwwer hier Rechter informéiert hunn. Ech war iwwerrascht iwwer den Ausmoos vun den Aktivitéiten, déi vum Projet organiséiert ginn, an mat wéi villen Institutiounen an Leit de Projet zesummen schafft, fir den gréisstméiglechen Impakt ze hunn.

Entwëcklungsaarbecht ass wichteg, mee nach méi wichteg ass et no un de Leit ze sinn, hinnen eng gewësse Mënschlechkeet entgéint ze bréngen an hinnen eng Plaz ze bidden, wou si emmer kënnen hi kommen an Hëllef gebueden kréien, sou wéi och déi néideg Berodung. De Virdeel vun dësem Projet ass, datt en all Aspekter vun der Aarbechtsproblematik ofdeckt, an d’Leit sou all Hëllef ob enger Plaz fannen, amplaz vun enger Institutioun an déi aaner geschéckt ze ginn.

Als Auslänner war et fir mech eng enorm flott an nei Erwahrung, well ech séier en Deel vun der Equipe war. Dëst huet mir erméiglecht, souwuel mat de Bénéficiairen wéi och mat ëffentlechen nationalen Institutiounen ze schwätzen, an sou anhand vun de verschiddenen Bléckwenkelen e gudden Abléck an d’Gesamtproblematik ze kréien. Och wann ech nëmmen 2 Méint am Projet geschafft hunn, hunn ech immenz vill bäigeléiert an eng aaner Opfaassung vun der Cooperatiounsaarbecht kritt. Et ass schwéier, déi europäesch Visioun vun Entwécklungshëllef oofzeléen, ouni eng gewëssen Zeit an där Réaliteit ze liewen. Ech bewonneren d‘Engagement vum Martine a sénger ganzer Equipe, déi alles doru sëtze fir der Bevëlkerung Zougang zu enger wierdeger Aarbecht ze erméiglechen. Si haalen Samstes Workshopen an partizipéiren ganz Deeg un Foiren, fir de Leit sou vill wéi méiglech Informatioun an Kapazitéiten ze ginn, an eng gewëssen Präsenz ze hunn.

Am Geigensaatz zu aanere Stage war et och opfälleg ze gesinn, datt d’Volontairen an d’Stagiäiren e wichtegen Deel vun der Equipe sinn, vu datt si als zukünfteg Multiplikatoren ungesinn ginn, andeems si dat Wëssen, wat si während dem Stage kritt hunn spéider kënne weiderginn. D’Memberen vun der Equipe freeën sech iwwer all Hëllef, well d’Aarbechtslaascht immenz héich ass, doduerch datt sou vill Leit d’Servicer vum Projet sollicitéiren.

Gären wir ech méi laang am Projet bliwwen an hätt nach méi Erfahrung gesammelt a méi gehollef, leider misst ech awer zréck fir méng Uni. Ech hunn desën Artikel geschriwwe fir de Leit doheem méng Experienz an méng Impressioun am Projet matzedeelen, an ze wéise wéi vill Engagement sou e Projet erfuerdert. Ech hoffen, datt de Projet nach laang oprëcht erhaalen bleift, vu datt den Impakt immenz grouss ass an vill Leit dovu bénéficiéieren.

Lena Bock – November 2019