Presentatioun vum Institut National de Statistiques iwwer d’Situatioun vun deene Jonken a Bolivien

De 26. September hu mir, Membere vum Projet Trabajo Digno, Deel vun der Fondation Kallpa a vun der ONG OGBL Solidarité Syndicale, un enger Presentatioun vum „Institut National de Statistiques – Bolivien“ iwwert eng Etude zu de Jonken a Bolivien deelgeholl.

Jonk Leit tëscht 10 an 19 Joer representéieren 40% vun der Bevëlkerung, wat e groussen Deel ass, an dofir méi an der ëffentlecher Politik anbegraff soll sinn.

An de folgende Paragrafen maache mir e klengen Resumé vun de presentéierte Resultater.

Déi sozio-demographesch Situatioun

D’Evolutioun vun der Altersstruktur a Bolivien teschent 1990 an 2050 ass beandrockend. Den Undeel vu jonke Leit wäert erofgoen an zur Alterung vun der Bevëlkerung bäidroen. Dëst ass e wichtege Faktor den an der Politik ze berücksichtegen ass, well dës Verännerungen Auswierkungen suwuel um Niveau vun der Aabechtswelt ewei och vum Pensiounssystem hunn.

Sozioekonomesch Konditioune sinn e weideren Punkt, deen diskutéiert gouf. An de leschte Jore goufen et Fortschrëtter am Beräich vun der Ausbildung: 1992 hu 57,4% vun de Jonken e Secondaires- oder Héichschoulsoofschloss erreecht, dovunner 7,2% Fraen. 2012 hu 85,1% en Ofschloss gemaach, dovunner 10,7% Fraen.

D’Insertioun vu Fraen an den Aarbechtsmaart huet an deene leschte Joer zougeholl. Am Joer 2001 waren 43,1% vun de Fraen am Alter fir ze schaffen ekonomesch aktiv, am Verglach zu  64% vun de Männer. 2019 hu mir 55,5% vun de Fraen déi schaffen, an 71% vun de Männer. Fir dëse leschte Taux schaffen 51% vun de Fraen am urbane Raum, an 70,9% um Land. Dëst weist, datt et eng Reduktioun vun den Ennerscheeder tëschend Geschlechter gëtt.

E wichtege Punkt ass, datt 80% vun de Schwangerschaften bei jonke Fraen optrieden, déi schaffen, wat hier Aabechtsstabilitéit behennert. An dësem Secteur gëtt et eng staark Dichotomie: jonk Fraen hunn zwar Zougang zu Verhütungsmëttelen, awer et feelt hinnen oft un der néideger Informatioun fir se unzewenden. All fënneft Fra gett Mamm ier si 19 Joer huet. Dest erklärt d’Wichtegkeet vun Instanzen, déi d’Schwangerschaftsberodung als Haaptthema hunn.

Migratioun ass e sensibelt Thema, well dei d‘Migratioun tëschend den Departementer a Bolivien extrem zougeholl huet. D’Migratioun vu ländlechen an di urban Gebidder erkläert sech duerch de Wonsch vun de jonke Leit fir eng besser Ausbildung ze kréien an esou eng mi stabil Aarbecht ze fannen. De Problem ass awer, datt dës Migratioun an di feelend Kompetenz vun der städtescher Gesellschaft, dës Leit ze integréieren, zur Schafung vun enger Peri-Urbaniséierung bäidreit, wou et u Basis-Servicer (Waasser, Luucht) mangelt an un Onsécherheet zouhëllt.

Am Joer 2001 ware Santa Cruz a Cochabamba déi wichtegst Attraktiounsregiounen a Bolivien. D’Bevëlkerung tëschend 16 an 29 Joer huet zu Santa Cruz en Wuesstem vun 67% duerch Migratioun erlieft, an zu Cochabamba 41%. La Paz a Potosi si geprägt duerch eng héich Emigratiounsrat, vu 35% respektiv  32,0%. Am Joer 2012 gouf et e Réckgang vun interne Migranten, mat 49% Immigratioun zu Santa Cruz an 12% zu Cochabamba. D‘Emigratiounsrat zu Potosí loung nëmmen nach bei 25% an zu La Paz bei 30,0%. Trotzdem ass ze bemierken, dass de Migratiounstrend aus ländleche Regiounen a Richtung vun den Haaptattraktiounspole bestoë bleiwt.

Et ass wichteg eng Analyse vun der Situatioun pro Departement auszeféieren, fir ze wëssen wéi eng Departementer d’Majoritéit vun jonke Leit unzitt a wat d’Haaptgrënn fir d’Migratioun sinn.

Fir eis war et interessant un dëser Presentatioun deelzehuelen, fir Zuelen zur aktueller Situatioun vun de jonke Leit um Aarbechtsmaart ze gesinn, a fir hier Haaptprobleemer um sozialen, demographeschen a politeschen Niveau besser kennen anzeschätzen. Esou kenne mir di Jonk besser bei hierer Aarbechtssich ennerstëtzen.