Virtrag zur Jobinsertioun vu Jonken

De 15. a 16. Mee huet Ofprobol (Projetsbüro vun de Salesianer) en Workshop zur Jobinsertion fir ONG’en, staatlech Institutiounen a Firmen organiséiert.

Als ONG OGBL Solidarité Syndicale goufe mir invitéiert, e Virtrag zur Begleedung bei der Jobsich op Basis vun eisen Erfahrungen am Kader vum Projet Trabajo Digno ze halen.

Et war flott an interessant, d’Leit hunn nogelauschtert, verstan a gelaacht. D’Presentatrice huet zum Schluss gemengt: „D’Martine gefällt mer, hatt huet su eng charismatesch Art a Weis!“

Et ass schéin, eis Aarbecht an eis Erfahrung esou gewürdegt ze wëssen. Merci fir Äer Ënnerstëtzung !