Wei ass d’Aabechtsliewen vun den TLGB Leit a Bolivien?

(Artikel publizeiert an der nationaler Zeitung Los Tiempos 10/05/2019)

A Bolivien steet am Artikel 14 vun der Verfassung: „De Staat verbitt a bestrooft all Form vun Diskriminatioun op Basis vu Geschlecht, Faarf, Alter, sexueller Orientéierung, Geschlechtsidentitéit, Hierkonft, Kultur, Nationalitéit, Staatsbiergerschaft…, oder anerem, wouvun d‘Ziel oder d‘Resultat ass, d’Unerkennung, de Genoss oder dei gleichberechtegt Ausübung vun de Rechter vun all Persoun ze annuléiren oder ze beanträchtegen.“

Dëst war e grousse Fortschrëtt fir d’Abezéiung an d’Unerkennung vun Persounen aus der TLGB-Gemeinschaft am Land, vu dass d’Behandlung, déi d’Gesellschaft allgémeng fir Leit mat net-heterosexueller Orientéierung ubitt, héich diskriminéierend a präsent an alle Beräicher ass: Famill, Educatioun, Religioun, Aarbecht asw. Et ass an desem lëschten Bereich, wou mir gesinn, datt d’Virurteeler an d’Aggressiounen, déi schons während de formativen Etappen erlidden goufen (Famill an Erzéiung), hiren Héichpunkt erreechen mat Oflehnung, Diskriminatioun an Haass géint TLGBI Leit (Lesbien, Gays, Transsexueller, Bisexueller an Intersexueller).

Fuerschungen weisen, datt dëse Secteur vun der Bevölkerung en héigen Taux vu Mëssbrauch, Veruechtung an och Gewalt op der Aarbechtsplaazerfiert.

D’Organisatioun CDC (Training and Citizen Rights) huet am Mee hir Etude „Wahrnehmunge vun der TLGBI Bevëlkerung an der Identifikatioun vun den Determinante vun Diskriminéierung, Belästegung, Intimidatioun an / oder Gewalt am ëffentlechen a private Aarbechtsëmfeld“ virgestallt. DësEtude huet eng national Ëmfro bei Leit mat net-heterosexueller Ausriichtung gemaach: 80 Leit goufen zu Santa Cruz befroot, 70 zu La Paz, 50 Leit zu Cochabamba a je 25 Leit zu Trinidad an zu Sucre. D’Zuelen sinn eendeiteg: 57 Prozent vun der Bevëlkerung, déi un der Ëmfro deelgeholl huet, huet Diskriminéierung, Intimidéierung an / oder Gewalt op hirer Aarbechtsplaz erlieft.

TLGBI-Leit sinn eng vun den am stärksten ausgegrenztesozialeGruppen am Aarbechtsbereich. Vill entscheeden sech, hir Konditioun ze verstoppen, aus Angscht hir Aarbecht ze verléieren.

A 36 Prozent vun den Fäll, wou eng TLGB-Persoun Zeien vun enger Agressioun géint eng aner TLGB-Persoun ob der Aarbechtsplaz gouf, war dëst opgrond vun der sexueller Orientéierung vun der betraffener Persoun. Bei 34 Prozent vun dëse Virfäll ass d’Aggressioun opgrond vun der Geschlechtsidentitéit vum Affer geschidd, an bei 10 Prozent opgrond vun hirem  Erscheinungsbild. Dramateschass, datt an deene meeschte Situatiounen den Zeien sech net zum Virfall äussere wollt, aus Angscht dei nämlecht Agressioun ze erliewen.

Wat gëtt gemaach fir dës Situatioun ze stoppen? Zënter Mäerz 2019 féieren Organisatioune wéi de Projet Trabajo Digno, Deel vun der Fondation Kallpa an der ONG OGBL Solidarité Syndicale, de „Kolletiv TLGB Bolivien”, de “Kollektiv DSG Cochabamba” an de “Programm zur Ënnerstetzung am Aarbechtsberäich” vum Aarbechtsministère (finanzéiert vun der ILO) de Projet „Labor Inclusioun Project fir Diversitéit“ (ILDI) duerch, deen d’Beschäftegungsfähegkeetvum TLGBI-Secteur zu Cochabamba fördert. Dës Initiativ ass zwar rezent, besteetawerausengerGrupp vu Professionnellen an Aktivisten, déi engagéiert sinn dinegativ Usiichten iwwer dëst Thema ze änneren an doduerch eng réell Inklusioun an den Aarbechtsmaart ouni Diskriminatioun fir d’TLGBI-Bevëlkerung ze erreechen. D’Recht op eng wierdeg Aarbecht muss eentvun den Haaptzieler fir all Gesellschaft sinn, wou Stabilitéit, Respekt an Inklusioun d’Basis vun den Aarbechtsbezéiunge ass.