5. Olympesch Spiller fir Kanneraarbechter 2018

Den Projet TRABAJO DIGNO an d´ONG OGBL Solidarité Syndicale hunn an der Woch vum 3. Dezember 2018 un de 5. Olympesche Spiller fir Kanneraarbechter deelgeholl. Des goufe vun der Organisatioun vu Kanneraarbechter vu Cochabamba (ONATSCO), vun der Gemeng vu Cochabamba a vun der Equipe vum Projet Trabajo Digno / ONG OGBL organiséiert.

Et hunn insgesamt 30 Equippen an den Disziplinnen Fussball, Volleyball an Athletik um Concours deelgeholl. D‘Kanner an d’Jugendlecher, tëschent 8 an 17 Joer, souwéi mir, haten eng Woch voller Freed, Spaass, Kooperatioun an Begéinungen.

Mir si frou an houfreg Iech matzedeelen, dass eng vun eisen Equipen vu Sacaba (en Duerf ausserhalb vu Cochabamba) sub´ 17 den éischten Präis am Fussball gewonnen huet an eng aner den éischten Präis am Volleyball.

Mir wëllen dem GRAN HOTEL COCHABAMBA, der Botzfirma URRUTIBEHETY, dem Restaurant CHIFA CHEN an der Cevicheria LA PLAYA Merci soen, déi eis mat Moolzechten fir all Participante vun den Oympesche Spiller versuergt hunn.

Mir freeën eis schonn ob déi nächst Olympiad am Joer 2019!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.