Expo Empleo

De 7. An 8. Dezember huet déi éischt Oplaag vun der Expo Empleo (Expo Aarbecht) zu Cochabamba stattfond. Dat war déi perfekt Geleegenheet fir lokal souwéi national Betrieber, sech ennert d’Leit ze mëschen an ee méi perséinleche Kontakt ze kréien.
Iwwer 2 Deeg hunn d’Betrieber hier Stänn mat Informatiounen presentéiert, och mir ware mat engem Stand vertrueden. Iwert den Laaf vum Weekend hun mir ëm déi 4 800 Flyeren verdeelt an hunn d’Leit duerch Erklärungen, Présentatiounen a Spiller iwwert eise Projet opgeklärt. Mir hunn ee grousst Interessi vun de Visiteure gespuert, dei sech bei eisem Stand informeiert hunn. Eng ganz Rei hunn an de Wochen drop och den Wee bei eis an de Projet fonnt fir sech anzeschreiwen.
Réckbléckend kann ee vun enger Win-Win Situatioun schwätzen, bei däer all betraffe Parteie profitéiere konnten: D’Betrieber hunn d’Chance genotzt fir motivéiert Personal ze fannen, an d’ Leit hu profitéiert fir den Sprong op den Aarbechtsmarché ze packen.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.